AUDIOBOOK

About
iwwer land (1998) gehéiert, nom Roman frascht (1990), zum Nico Helminger (geb. 1953) senge fréien Erzielwierker. Et ass eng Sammlung vun néng Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch, déi an den 1980er an 1990er Joren entstane sin. An hirem Mëttelpunkt sti Mënschen, deenen hir individuell Entfriemung an hir dacks tragikomesch Liewenssituatiounen och Symptomer vun enger Gesellschaft sinn, déi um Enn vum 20. Joerhonnert an engem epochalen Ëmbroch war.
„en ausflug op d'land, leit, déi no engem begriefnis op d'schueberfouer gin, een, dee mam éischte mee nët eens gët, een, deen op sénger rees uerg un d'schleidere kënnt, anerer, déi nuechtelaang op der sich sin, no wat och ëmmer ... geschichten iwwer leit, déi ënnerwee sin an dach op der plaz trëppelen, leit, déi aus hirer haut wëllen a sech dobäi op déi drolegst manéiere verrennen ..." (Klappentext vun iwwer land, éditions phi, Iechternach, 1998)